05.03.2022

Makadammen

Program

Cabaret mat véier wonnerbare Schauspillerinnen am Kader vum Weltfraendag 2022! 20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn! Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis "Avataren" vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren. Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor Regie: Jacqueline Posing-van Dyck Dekor: Christian Klein Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel Affiche a Fotoen: Pitt Becker Einfach aus der Haut fueren Fir een Aneren ze ginn Mir fillen eis wéi neigebueren Wa mir op der Bühn stinn Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde Aus dem Beauty gëtt e Beast Aus dem Bonny gëtt e Clyde A last but not least Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen Aus douce Fraen, Femme fatalen Wa mir op d’Bühn ropklammen Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa) D’MAKADAMMEN
General Information

Cube 521

DRIICHT
L-9764 MARNACH

See on the map

Date

Saturday, 05 March 2022


Prices

Erwachsene : 20

Cube Card : 17

<26 Jahren : 10


Contact